Mayonnaise

Mayonnaise

einfach
10 min.
6 Persounen
Wat brauch ech?
  • 1 Eegiel
  • 1 Tl Zitrounejus oder Esseg
  • 2 Tl Moschtert
  • 200 ml Sonneblummenueleg
  • Salz & Peffer
PDF icon Rezept downloaden (110.75 KB)
Preparatioun:
  1. D’Liewensmëttel mussen alleguer Zëmmertemperatur hunn.
  2. D’Eegiel mam Peffer, Salz, Zitrounejus an dem Moschtert mam Schnéibiesem vermëschen.
  3. No an no den Ueleg dobäi gi währenddeems permanent réieren.
  4. Oppassen: Des Mayonnaise muss am Frigo gehale ginn an hält sech wéinst dem Eegiel nëmmen e puer Deeg.