Äppel-Friichten-Kuch

Äppel-Friichten-Kuch

einfach
90 min.
4 Persounen
Apfelraspel.jpg
Wat brauch ech?
  • 750 g Äppel
  • 350 g Korinten (helloderdonkel)
  • 150 g Hieselnëssoder Walnëss
  • 500 g Miel
  • Zitroun
  • Pak Bakpolver
  • Liewkuchgewürz
  • Gemuelen Zimt
  • 250 g Zocker
  • Kakaopolver

 

PDF icon Rezept downloaden (304.16 KB)
Preparatioun:
  1. Äppel wäschen, schielen a kleng raaspelen.
  2. Äppelraaspele mat Zitrounejus bedrëpsen, Zimt an Zocker mëschen, mindestens 1 Stonn duerchzéie loossen.
  3. Korinte 15 Minutte laang a wootlechem Waasser weechen, dono d’ Walnëssennert d’opgeweechte Korinte réieren.
  4. Miel, Bakpolver an 2 Iess Läffel Liewkuchgewürw an 2 Iess Läffel Kakaopolver siften an ënnert d’Apel Mëschung réieren.
  5. 2 rechteckeg Formen mat Bakpabeier ausleeën, den Apel Deeg afëllen, glat sträichen.
  6. Am Bakuewe bei 180°C op mëttlere Schinn ongeféier 50 Minutte baken.