Äppel-Peffermanztéi

Äppel-Peffermanztéi

einfach
15 min.
6 Persounen
DSC_0600.JPG
Wat brauch ech?
  • 1 L Äppeljus
  • 1 L Peffermanztéi
  • 1 Zitroun (ausgepresst oder a Schéiwe geschnidden)
PDF icon Rezept downloaden (315.04 KB)
Preparatioun:
  1. Frësche Peffermënz oder Peffermanztéi a kachendem Waasser ongeféier 10 Minutten zeie loossen.
  2. Äppeljus mat dem fäerdege Peffermanztéi 1:1 vermëschen.
  3. Zitrouneschéiwen oder den Zitrounejus mam Äppelpeffermanztéi vermëschen.
  4. De Jus kann ee waarm, wootelech oder eiskaal drenken.