Baklava
Baklava
einfach
60 min.
12 Persounen
Wat brauch ech?
- 200 g Botter (geschmolt, fir ze besträichen)
- 100 g Pistazie (fir d’Fellung)
- 450 g „Strudelteigblätter“
- 300 g Hackerness (geriwwen, fir d’Fellung)
Fir d'Zooss:
- 200 g Beienhunneg
- 1 L Waasser
- 1 El Zitrounejus
- 500 g Zocker
Preparatioun:
- „Strudelteigblätter“ jee no Uleedung virbereeden. Bakblech gutt afetten.
- Vun deenen am ganzen 8 Deegblieder komme fir d’éischt 2 Deegblieder op d’Blech an déi gi mat Botter bestrach. Dono rem 2 Deegblieder drop leen a mat Botter besträichen.
- Als nächst kommen d’Nëss an d’Pistazien (no Geschmaach) gutt verdeelt op den Deeg.
- Uewendrop kommen die iwwereg Deegblieder déi rem mat Botter bestrach ginn. Beim leschten Deegsteck ginn d’Boren no banne gediebelt fir dass naicht mei iwwert dem Blech hänkt.
- Der Längt an der Breet no den Deeg schneiden, sou dass Rechtecker entstinn.
- Baklava muss fir ongeféier 30-35 Minutten am firgehëtzten Uewe bei 180°C baken.
- D’Waasser zum kache brengen, den Zocker an den Hunneg dobäi ginn, a genausou zum kache brengen. Zitrounejus dobäi schedden. Ongeféier 7 Minutte liicht kachele loossen a permanent emréieren. De fäerdege Baklava aus dem Uewen huelen an mat dem Zocker Gemësch iwwergéissen.
