Chili senza carne

Chili senza carne

mëttel
45 min.
4 Persounen
Chili.JPG
Wat brauch ech?
  • 125 g gekachte Räis
  • 2-3 Ennen
  • 1 Chillischoot
  • 3 Paprika (rout, giel, gréng)
  • ½ Zucchini
  • 2 El Sonneblummenueleg
  • 700 g Tomatepüree
  • 200 g gekachte Kidneybounen
  • 200 g Mais
  • Paprikapolver/Chilipolver
  • Salz
PDF icon Rezept downloaden (316.62 KB)
Preparatioun:
  1. De Räis am Geméisbouillon kachen an op d’Säit stellen.
  2. D’Enne schielen a fäi wierfelen. D’Chillischoot wäschen, botzen a kleng schneiden.
  3. Den Ueleg an engem groussen Dëppen erhëtzen, d’Ennen an de Chilli dobäi ginn an ubroden.
  4. D’Paprikaen, d’Zucchini, déi gewäsch, gebotzt a graff gewierfelt sinn, am Ueleg ubroden a liicht salzen, datt d’Waasser aus dem Geméis zéie kann. Gutt réieren datt d’Geméis net ubrennt.
  5. No 2-3 Minutten den Tomatepüree opgéissen, d’Kidneybounen an de Mais mat dem Geméis vermëschen. 20 Minutte bei liicht oppenem Deckel kache loossen.
  6. Mat Paprikapolver, a jee no Goût e bëssche Chilipolver, ofschmaachen.
  7. Den Chili mat dem Räis vermëschen a mat frëscher Baguette servéieren.