Chilli con carne
Chilli con carne
einfach
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 250 g Ënnen
- 1 gréng Paprika Schoot
- 2 rout Chilli Schootten
- 500 g Gehacktes(Rand)
- 1 grousst Glas geschielt Tomaten
- 500 g Kidneybounen
- 1 Glas Chillibounen
- Olivenueleg
- Chili Polver
- ½ Bréiwierfel fir ¼ L Bouillon
Preparatioun:
- Ënne schielen an a Reefer schneiden.
- D‘Kären aus den Paprika Schooten eraushuelen an a kleng Stecker schneiden.
- D‘Kären aus de Chillischooten eraushuelen an a kleng Stecker schneiden.
- 4 Iessläffel Olivenueleg an der Pan wiermen.
- Fleesch an d’Pan ginn a fir ongeféier 10 Minutte brong broden.
- Salzen a pefferen an 1 Téiläffel Paprika Polver dobäi ginn.
- D’Fleesch an een Dëppe ginn.
- Am Rescht Brodfett Ënnen a Paprika ënner réieren an ubroden.
- 2 Knuewelekszéiwe schielen, kleng hacken an an d’Pan ginn.
- Geschielt Tomaten, Tomatenmuerg a Geméis an een Dëppe ginn.
- ¼ L Bouillon an d’Dëppe ginn.
- Mat Chilli Polver ofschmaachen.