Couscous mat Geméis
Couscous mat Geméis
mëttel
40 min.
5 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 Enn
- 2 Knuewelekszéiwen
- 4 El Olivenueleg
- 1 rout Paprika
- 5 Tomaten
- 3 Courgette
- 3 Wuerzelen
- 1 Aubergine
- Frësch Kraider (Thymian, Rosmarin, Bounekräitchen, Péiterséileg)
- 1 l Geméisbritt
- 500 g Couscous
- 200 ml kachend Waasser
- ½ Tl Salz
- 2 El Ueleg

Preparatioun:
- D’Enn an d’Knuewelekszéiwe schielen a fäi wierfelen.
- Den Ueleg an engem groussen Dëppen erhëtzen, d’Enn an de Knuewelek dobäi ginn an ubroden.
- D’Paprikaen, d’Courgette, Tomaten, d’Wuerzelen an d‘Aubergine déi gewäsch, gebotzt a graff gewierfelt sinn, am Ueleg ubroden a liicht salzen, datt d’Waasser aus dem Geméis zéie kann. Gutt réieren datt d’Geméis net ubrennt.
- No 2-3 Minutten d’Geméisbritt bei d’Geméis schëdden, frësch Kraider dobäi ginn a bei hallef oppenem Deckel kache loossen, bis datt d’Geméis mell awer nach knackeg ass.
- Während d’Geméis kacht, de Couscous an eng Schossel maachen a mat kachendem Waasser iwwerschëdden. Salz an Olivenueleg drënner mëschen. No 5 Minutte mat enger Forschette verréieren.
- D’Geméis mat Salz an eventuell Curry ofschmaachen a mat dem Couscous vermëschen.