Curry-Kürbis-Zopp
Curry-Kürbis-Zopp
einfach
60 min.
10 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d’Zopp brauch ech:
- 3 kg Kürbis
- 8 mëttelgrouss Ënnen
- 4 Äppel
- 100 g Botter
- 1 L Äppeljus
- Geméisbritt
- Curry
Fir d'Schlagsahn brauch ech:
- 200g sauer Ram
- Geriwwenen Mierréidech
- Eng Prise Curry Polver
- Eng Prise Chilli
Preparatioun:
- Kürbis an Äppel schielen, Kären eraus huelen an a kleng Wierfelen schneiden.
- Ënnen schielen a kleng schneiden. Botter am Dëppen schmëlzen an d’Ënnen undënsten.
- Kürbis an Äppel an een Dëppe ginn, mat Waasser bedecken an d’Geméisbritt dobäi schëdden.
- Opkachen loossen, dann bei schwaacher Hetzt ongeféier eng hallef Stonn liicht kache loossen.
- Zopp püréieren.
- Mat dem Äppeljus an dem Peffer ofschmaachen.
- Fir d'Schlagsahn: Alleguer d’Zoutaten mëschen an als Wollek op déi waarm Zopp ginn.
