Feta-Zalot
Feta-Zalot
einfach
20 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Waat brauch ech fir eng lecker Feta-Zalot?
- 3-4 Tomaten
- 1 Kornischong
- 1 Paprika
- ½ Ënn
- 1 Knuewelekszéif
- +/- 200g Feta
Fir d'Vinaigrette brauch ech:
- 3 EL Ueleg
- 3 EL Esseg
- Peffer a Kraidersalz
- Gemëschte Kraider (z. Bsp.: Péiterséileg, Dëll, Basilikum, etc.)

Preparatioun:
- D'Ënn, d'Knuewelekszéif an de Feta a Wierfele schneiden. Tomaten, Kornischong, Paprika gutt wäschen a kleng schneiden.
- Ueleg, Esseg, Peffer, Kraidersalz a gemëschte frësch Kraider zu enger Vinaigrette verréieren an iwwert Zalot schëdden, gutt vermëschen!
- Looss dir Zalot schmaachen.
- Bemierkung: Wann's du Feta net gären hues, kanns du och Mozzarella oder en anere Kéis am Plaz huelen. Oder du léis de Kéis einfach ganz ewech.