Gefëllten Ouschterkuch

Gefëllten Ouschterkuch

mëttel
90 min.
6 Persounen
Gefëllten Ouschterkuch.jpg
Wat brauch ech?
  • 250 ml Mëllech
  • 1 Wierfel Hief
  • 3 Eeër
  • 6 EL Zocker
  • 1 EL Botter
  • 1 El Sonneblummenueleg
  • 1 Prise Salz
  • 1 Prise geriwwen Vanille
  • Zitrouneschuel vun enger klenger Zitroun
  • 800 g Miel
  • 250 g Frëschkeis
  • 1 Ee
  • 50 g Zocker
PDF icon Rezept downloaden (128.31 KB)
Preparatioun:
  1. Hief an wootlechem Waasser opléisen, Eeër, Zocker, geschmolten Botter, Ueleg, Salz, Vanille an Zitrouneschuelen dobäi ginn. Miel no an no dobäi ginn an zu engem Deeg knieden. Zoudecken an opgoen loossen
  2. Deeg deelen. Bakform uelegen. D’Halschent vum Deeg flaach ausrullen an domat d’Form auskleeden.
  3. Fir d‘Fëllung Frëschkeis, Ee, Zocker an Vanille glat réieren. Corinnten dobäi ginn. An d’Bakform fëllen.
  4. Den Rescht vum Deeg an dräi gläich grouss Kugelen deelen. Kugelen op d’Säit rullen. Déi dräi Deegseeler zu enger Trëtz flechten. Mat der Deegtrëtz d’Bakform bedecken an zoumaachen.
  5. D’Ee mat engem Iessläffel Waasser verquirelen an den Deeg domat besträichen.
  6. 40- 45 Minutten bei 200° baken, bis dass den Deeg goldbrong ass an beim klappen huel kléngt.