Gréng Kniddelen

Gréng Kniddelen

einfach
40 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
  • 100 g Vollkarmiel
  • 100 g Miel Typ 550
  • 100 ml Mëllech
  • 2 Eeër
  • 100 g entdeete Déifkillspinat
  • Salz

 

PDF icon Rezept downloaden (133.11 KB)
Preparatioun:
  1. Alleguer d’Zoutaten mëschen an verquirelen. Soulaang Mëllech an Miel dobäi ginn, bis dass deen Deeg entstanen ass, den net schnell vum Läffel fält. E wéineg rouen loossen.
  2. An engem Dëppen Waasser zum Kachen bréngen. Mat engem Iessläffel kleng Kniddelen formen, an d’Waasser fale loossen. Virun deem dass een den Läffel an den Deeg stécht, eemol an kachend Waasser zappen, dann bleift den Deeg net um Läffel peschen.
  3. D’Kniddelen sinn fäerdeg, soubal se uewen um Waasser schwammen.
  4. Kachwaasser ofschëdden an d’Kniddelen kuerz ënnert kalem Waasser ofspullen.