Gromperenzalot

Gromperenzalot

einfach
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
  • 1 Kilo festkachend Gromperen (3 Grompere pro Persoun)
  • Salz
  • Peffer
  • Rahm
  • Esseg
  • Uelech
  • Moschtert
  • Schalott
PDF icon Rezept downloaden (219.99 KB)
Preparatioun:
  1. Grompere gutt wäschen a mat der Schuel a Waasser mat e besschen Salz kache bis se mëll sinn. Kachwaasser ofschëdden an d’Grompere schielen an a Scheiwen schneiden.
  2. Schalott schielen a kleng schneiden. Schalott, 1 Kaffisläffel Moschter, zwee Iessläffelen Uelech, an een Iessläffel Esseg an e gudde Schotz Rahm zu enger Vinaigrette mëschen. Salzen a pefferen.
  3. D’Gromperen mat der Zooss vermëschen.