Gromperenzopp
Gromperenzopp
einfach
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 2 kg Gromperen
- 5 Ënnen
- 3 Poretten
- 4 Wuerzelen
- 1,5-2 l Geméis-Britt
- Ueleg
- Peffer a Salz
- frësch Bratzel
Preparatioun:
- 2 kg Grompere wäsche, schielen, a kleng Wierfele schneiden. Des an enger Schossel mat Waasser bedeckt op d’Säit stellen.
- 5 Ënnen a kleng Wierfele schneiden.
- 3 Poretten wäschen, a kleng Réng schneiden.
- 4 Wuerzelen wäschen a kleng schneiden.
- Bësschen Ueleg erhëtzen an d’Ënnen a Porette 5 Minutte dëmpen,
- 1,5 Liter Bouillon, Gromperen a Wuerzelen an Dëppe schëdden.
- Zopp kache loossen, bis datt Gromperen mell sinn.
- Bratzel kleng schneiden a mat der Zopp servéieren.
