Gromperenzopp mat Speck oder Kraider-Croutons
Gromperenzopp mat Speck oder Kraider-Croutons
einfach
90 min.
15 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d’Gromperenzalot:
- 2 kg Gromperen
- 5 Ënnen
- 2-3 Porettestaangen
- 150 g Speck
- 2,5 l Britt
- Salz a Peffer fir ze wierzen
- 3 Muerten
- 2 Bond Bratzel
Fir d’Kraider-Croutons:
- 5 Scheiwe Brout
- Kraider
- 2-3 Zoppeläffel Olivenueleg
- 2 Knuewelekszéiwen
Preparatioun:
- Grompere schielen a wäschen. An enger Schossel mat Waasser bedeckt op d’Säit stellen.
- Ënne schielen a kleng schneiden. Porettestaange wäschen an an dënn Réng schneiden.
- Speck kleng wierfelen an an engem Dëppen ubroden. Ennen a Poretten dobäi ginn a glaseg broden. D’Geméisbritt driwwer schëdden, mat Salz a Peffer wierzen.
- D’Gromperen ofdrëpse loossen an a 2 cm grouss Wierfel schneiden a bei d’Britt dobäi ginn.
- Muerte schielen a wäschen, an ½ cm deck a 2 cm laang Stëfter schneiden. Bei Zopp ginn an alles ongeféier 45 Minutte kache loossen.
- Bratzel wäschen, ofdrëpse loossen a ganz reng schneiden.
- D’Halschent vun der Zopp mat dem Mixer püréieren a mat dem Recht vun der Zopp nees vermëschen.
- Fir d’Kraidercroutons:
- D’Broutscheiwen a Wierfele schneiden.
- De Knuewelek schielen an a kleng Wierfele schneiden.
- D’Kraider mat dem Knuewelek an dem Olivenueleg mëschen a mat de Broutwierfele vermëschen.
- D’Broutwierfelen an eng Pan ginn an ongeféier 10 Minutte réisten.
