Instant Japan Nuddelen

Instant Japan Nuddelen

mëttel
20170307_122125_0.jpg
Wat brauch ech?

Fir d’Japan Nuddelen:

  • 1 El donkel Miso-paste
  • 5 Champignonen, kleng geschnidden
  • 1 Fréijoersënnen, kleng geschnidden
  • 25 g Tofu,a Wierfel geschnidden
  • 25 g Somennuddelen oder Glasnuddelen
  • ½ Tl gedréchent Wakame Algenblieder
  • ½ Tl Sesamkären

 


PDF icon Rezept downloaden (151.81 KB)
Preparatioun:
  1. Alleguer d’Liewensmëttel an en Amaachglas ginn.
  2. Bei Zëmmertemperatur stockéiere bis dass een et iesse well.
  3. D’Amaachglieser mat kachendem Waasser fëllen, den Deckel zouschrauwen a kräfteg rëselen, sou dass sech alleguer d’Liewensmëttel mëschen.
  4. 5 Minutten op Säit stellen.
  5. No 5 Minutten, den Deckel erof schrauwen an d’Zopp an eng Schossel schëdden oder direkt aus dem Glas iessen.