Kniddelen

Kniddelen

mëttel
30 min.
4 Persounen
Miel an Eer.jpg
Wat brauch ech?
  • 500 gr Weessmiel (dovun esou vill Vollkarmiel, wéi een et gären huet)
  • 4 Eeër
  • ¼ l Mëllech
  • More Speck
  • Salz
  • Botter

 

Hei fenns du e Rezept fir gréng Kniddelen.

PDF icon Rezept downloaden (315.68 KB)
Preparatioun:
  1. Miel an eng Schossel schëdden, an der Mëtt e Lach maachen. E bësse Salz dobäi ginn. Eeër a Mëllech an d’Lach schëdden. Mat engem hëlzene Läffel réieren. Den Deeg muss ouni ze zerrappen vum Läffel faalen. (Falls en ze déck ass, nach Mëllech bäischëdden, falls en ze dënn ass Miel dobäi maachen.)
  2. Gesalzent Waasser zum Kache bréngen, den eidele Läffel an e Glas mat kaalem Waasser zappen, dann e Läffel Deeg huelen an de Läffel an d’kachend Waasser zappen. Den Deeg leist sech vum Läffel a fällt op de Buedem vum Kachdëppen. Soubal d’Kniddelen uewen um Waasser schwammen, sinn se gutt.
  3. Dei fäerdeg Kniddelen an enger zougedeckter Schossel waarm haalen, bis datt de ganzen Deeg verschafft ass.
  4. De Speck an der Pan ubroden an iwwert d’Kniddele schëdden.