Marzipanbretzel
Marzipanbretzel
einfach
40 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 200 g Marzipanréimass
-
50 g Zocker
-
Geriwwen Zitrouneschuelen
- Eng Prise Salz
-
2 Eeër
-
500 g Bliederdeeg
-
4 El Mëllech
-
125 g Mandelbliede
- 50 g Botter

Preparatioun:
- Marzipanréimass mat Zocker, Zitrouneschuelen, Salz an engem geschloen Ee knieden.
- Bliederdeeg op ongeféier 45 x 30 cm ausrullen, Marzipanmass op eng Halschent sträichen an déi aner Halschent iwwert d’Marzipanmass falen. Der Längt no an 5 Sträifen schneiden.
- Sträifen géigeniwwer verdréinen an zu enger Bretzel formen. Eegiel a Mëllech vermëschen. Bretzel mat der Eermëllech besträichen a Mandelblieder driwwer verdeelen.
- Bretzelen mat dem geschmolltene Botter besträichen.
- Bei 200°C ongeféier 25 Minutten baken.