Ombré Cocktail

Ombré Cocktail

einfach
10 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
  • 200 ml Grenadine
  • 160 ml Spruddelwaasser
  • 240 ml Orangëjus
  • 1 Zitroun
PDF icon Rezept downloaden (467.11 KB)
Preparatioun:
  1. Den Orangëjus als éischt an d’Glas fëllen.
  2. Mat Hëllef vun engem Läffel dee bannen am Glas um Bord vun der Uewerfläch vum Orangëjus gehale gëtt, loosst der lues de Granatapelsirop an d’Glas lafen. Vu dass de Sirop méi schwéier ass ewéi de Jus, setzt en sech ënne vum Glas of.
  3. Zum Schluss gëtt nach ganz virsiichteg Spruddelwaasser an d’Glas ginn.
  4. Sou entsteet en Ombré Effekt vun donkelrout bis wäiss.