Orientalesch Lënsenzopp
Orientalesch Lënsenzopp
mëttel
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 Ënn
- 1 EL Rapsueleg
- 200 g Lënsen
- 1/2 Choufleurskapp
- 5 mëttelgrouss Wuerezlen
- 2 EL Tomatemark
- Bouillon a Waasser opgeléist
- 150 ml Kokosmëllech
- 250 g Tomaten
- 2 Poretten
- Salz a Peffer
- 1-2 Tl Uebstesseg
© Edith Gätjen, Stephanie Fromme (UGB Akademie)
Preparatioun:
- Geméis wäschen a kleng schneiden.
- Ënn am Rapsueleg undënsten, d’Lënsen an Dëppe ginn a mat den Ënnen kuerz undënsten.
- Tomatemark, de Choufleur, d’Wuerzelen mat den Ënnen a Lënsen vermëschen an d’Geméisbritt an Dëppe schëdden. Un d’Kache bréngen.
- Kokosmëllech an Zopp schëdden.
- Wann d’Lënse bal mell sinn, Poretten an Tomaten zesummen an Zopp ginn a mat Salz, Peffer, Uebstesseg, eventuell Kraider oder Piment wierzen.
