Paangech mat Ricotta-Fëllung

Paangech mat Ricotta-Fëllung

einfach
30 min.
4 Persounen

Freestyle Cooking - CRÈPES

Freestyle Cooking - CRÈPES
Wat brauch ech?

Paangecher (pikant, fir 6 dënn Paangecher):

  • 125g Vollkarmiel
  • 50 g mëlle Botter
  • 1 Prise Salz
  • 2 Eeër
  • 200 ml kaal Mëllech
  • Frësch Kraider (z. Bsp: Péiterséileg oder Bratzel)

Ricotta-Fëllung:

  • Ricotta
  • Zwiwwelen
  • Knuewelek
  • Frësch Kraider
  • Peffer/Salz
PDF icon Rezept downloaden (275.03 KB)
Preparatioun:
  1. Miel, Bakpolver a Salz en enger grousser Schossel vermëschen.
  2. D'Eeër opklappen a bei d'Miel ginn.
  3. Alles mat der Mëllech, déi lues a lues bäigeschott gëtt, vermëschen, bis datt e flëssegen Deeg entsteet a keng Klompe méi am Deeg sinn.
  4. D'Kraider, Zwiwwelen an de Knuewelek kleng schneiden. Alles mam Ricotta vermëschen a gutt mat Peffer a Salz wierzen.
  5. D'Paangecher an enger Pan, wei am Video gewisen, baken.
  6. D'Paangecher mam Ricotta fëllen a mat enger säfteger Zalot, wéi zum Beispill eng Tomatenzalot, servéieren.