Pizza
Pizza
einfach
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Fir den Deeg:
- 200 g Miel
- 1 Päckelchen Hief
- 1 mëttelgrouss Taass Waasser
- Salz
Fir de Belag:
- Kéis no Wonsch
- Belag no Loscht a Laun
Preparatioun:
- Virbereedung Tomatenzooss : Zwiwwelen a Knuewelek kleng schneiden an am Kachdëppen liicht mat Botter oder Ueleg ubroden. Tomaten aus der Dous an Dëppen schëdden an dat Ganzt mat Salz, Peffer an "Herbes de Provence" wierzen.
- Virbereedung Deeg: Alles an eng Schossel schëdden a mateneen vermëschen.
- Pizzabelag no Loscht a Laun: Belag auswielen a kleng schneiden.
- Tomatenzooss op dem ausgerullten Pizzadeeg verdeelen, beleeën a bei 180°C am Uewen baken.
