Schokla-Zooss

Schokla-Zooss

einfach
10 min.
4 Persounen
Chocolate_Sauce.jpg
Wat brauch ech?
  • 200 g schwaarze Schokla
  • 250 g Ram

Variatioun mat Mandelen:

  • 50 g gehaakte Mandelen
  • 1 Iessläffel Pudderzocker
PDF icon Rezept downloaden (154.84 KB)
Preparatioun:
  1. De Schokla a kleng Stecker briechen a mat der Ram am Bain-Marie schmëlze loossen.
  2. Zooss mam Schnéibiesem kräfteg schloen, sou datt se schei glat gëtt.
  3. Variatioun mat Mandelen: Während de Schokla schmëlzt d'Mandelen an enger waarmer Pan réischteren a mat Pudderzocker bestreeën. Wann de Pudderzocker ufänkt ze karamelliséieren, d'Mandelen mat der Schokolaszooss vermëschen.