Türkesch Courgettepuffer
Türkesch Courgettepuffer
einfach
Wat brauch ech?
- 8 Courgetten
- 3 Tl Salz
- 8 Wuerzelen (800 g)
- 12 Fréijoersënnen
- 4 kleng Ennen
- 12 El frëschen Dill, gehaen
- 12 El frësche Péiterséileg, gehaen
- 400 g Feta
- 360 g Miel
- 4 Eeër
- Peffer
- ½ Tl Chiliflacken
- Olivenueleg fir ze broden
- 800 g Jughurt

Preparatioun:
- D’Courgette wäschen a mat Hëllef vun engem Kichemesser raaspelen. An e Sift ginn, mat ¼ Tl Salz mëschen an 20 Minutten zéie loossen.
- An der Tëschenzäit d’Wuerzele schielen a mat Hëllef vun enger Kichenmaschinne raaspelen. Aus de geriwwene Wuerzelen d’Flëssegkeet mat den Hänn pressen an an eng Schossel ginn.
- D’Fréijoerszwiwwele wäschen, botzen a Rulle schneiden an an eng Schossel ginn. D’Ennen schielen, kleng haen an an eng Schossel ginn. Dill a Péiterséileg dobäi maachen. De Feta zergrimmelen an an eng Schossel ginn.
- No 20 Minutten de Rescht Flëssegkeet aus der Courgette pressen an d’Courgette an eng Schossel ginn. Miel, Eeër, eng Prise Peffer, ¼ Tl Salz a Chiliflacken dobäi ginn an alles gutt vermëschen.
- De Buedem vun der Pan gutt mat Olivenueleg bedecken an erhëtzen. Fir d’Hetzt ze testen e wéineg Deeg an d’Fett ginn. Wann den Deeg am Fett brutzelt, dann ass den Ueleg waarm genuch an dir kennt d’Puffer baken.
- Pro Courgettenpuffer 2 El Deeg an d’Pan ginn. Den Deeg liicht flaach drécken an op all Säit 3 Minutte frittéieren. Aus der Pan huelen an op engem Teller mat Kichepabeier drop d’Fett ofdrëpsen loossen. Aus dem Rescht Deeg wieder Courgettenpuffer maachen.
- Kuerz virum Zerwéieren de Jughurt mat ½ Tl Salz an enger Prise Peffer wierzen a jee Portioun Courgettepuffer mat enger Klécks Jughurt zerwéieren.