Uebstspiisser
Uebstspiisser
einfach
15 min.
Wat brauch ech?
- saisonalt Uebst
- Baak-Chocolat fir ze schmelzen
- Spiisser
Preparatioun:
- Uebst wäschen an a Wierfele schneiden.
- Uebst op d'Spiisser opspiissen.
- Schockela am Bain-marie schmëlzen. Dofir Waasser an 1 grousst Dëppe maachen, e méi klengt Dëppen (mam Chocolat dran) an dat grousst Dëppe stellen. Dat Ganzt op d'Kachplack stellen an erhëtzen, bis datt de Schockela geschmolt ass.
- De geschmoltene Schockela iwwert d'Uebtsspiisser verdeelen.
