Vegetaresch Spaghetti

Vegetaresch Spaghetti

einfach
30 min.
2 Persounen
Veggi-Spaghetti.jpg
Wat brauch ech?
  • 8 frësch Tomaten
  • 1 kleng Courgette
  • 1 giel Paprika
  • 2 Knuewelekszéiwen
  • 2 kleng Ennen
  • Peffer a Salz
  • Frësche Basilikum (oder « Herbes de Provence »)

 

  • Spaghetti
  • Salz

 

PDF icon Rezept downloaden (121.16 KB)
Preparatioun:
  1. Tomaten, Courgette a Paprika wäschen an a Wierfele schneiden.
  2. De Knuewelek an d’Enne schielen an a Wierfele schneiden.
  3. De Knuewelek an d’Ennen a Sonneblummenueleg undënsten.
  4. D’Courgette an d’Paprika am Ueleg mat den Ennen an dem Knuewelek liicht ubroden an Tomaten dobäi ginn. Salze fir datt d’Flëssegkeet aus dem Geméis zeie kann.
  5. Waasser mat Salz fir d’Spaghetti opsetzen. Wann d’Waasser kacht d’Spaghetti an d’Waasser schëdden a bei oppenem Deckel al dente kachen.
  6. De frësche Basilikum kleng schneiden.
  7. Zooss mat Salz, Peffer a frëschem Basilikum ofschmaachen.