Verfeinert Vinaigrette

Verfeinert Vinaigrette

einfach
10 min.
4 Persounen
Olivenöl.jpg
Wat brauch ech?
  • 1 Iessläffel Esseg
  • Salz
  • 1 Téiläffel Moschter
  • 3 Iessläffel Ueleg
  • Peffer
  • ¼ Enn, gerappt
  • 1 zerdréckte Knuewelekszéif
  • Frësch Kraider
PDF icon Rezept downloaden (81.73 KB)
Preparatioun:
  1. Fir d’eicht d’Salz an den Esseg gutt matenee vermëschen, bis datt d’Salz sech opgeléist huet. Dëst ass wichteg, well Salz sech net am Ueleg opléist.
  2. De Moschter ënnerréieren
  3. Während stännegem Réieren den Ueleg dobäi ginn, bis datt sech alles gutt matenee vermëscht huet.
  4. D’Enn, Knuewelekszéif ënnermëschen.
  5. Je no Geschmaach mat e bësse Peffer zousätzlech wierzen.
  6. Ganz zum Schluss frësch Kraider an d’Vinaigrette mëschen.