Zelleriszalot mat Mauséiercher

Zelleriszalot mat Mauséiercher

einfach
25 min.
4 Persounen
Feldsalat.jpg
Wat brauch ech?
  • E Kapp Zelleri
  • Mauséiercherszalot
  • 1 Zitroun
  • Salz & Peffer
  • Rahm
  • Esseg
PDF icon Rezept downloaden (135.74 KB)
Preparatioun:
  1. Den Zelleri schielen a mat der Rapp rappen.De gerappten Zelleri an eng Schossel ginn an Zitrounejus driwwer schëdden (da gëtt den Zelleri net brong).
  2. D’Mauséiercher ënnert dem Waasser wäschen.
  3. 2 Iessläffelen Esseg mat engem Schotz Rahm vermëschen. Salzen a pefferen. Zelleri mat der Zalotenzooss vermëschen.
  4. D’Mauséiercher op den Zelleri streeën.