Zitroune-Courgette

Zitroune-Courgette

einfach
20 min.
4 Persounen
Courgette_Cucurbita_pepo_2.jpg
Wat brauch ech?
  • 600 g Courgette
  • 2 Zitrounen
  • Salz
  • Olivenueleg
PDF icon Rezept downloaden (148.96 KB)
Preparatioun:
  1. Courgette wäschen, a Scheiwe schneiden.
  2. Olivenueleg an der Pan wiermen.
  3. Scheiwen niewenaner an d’Pan leeën.
  4. Op béid Säite goldbrong ubroden.
  5. Courgette-Scheiwen op engem Teller uriichten a salzen.
  6. E bëssen Zitrounejus a kleng geraaspelt Schuelen iwwert d’Courgette-Scheiwen streeën.