Zelleriszalot mat Mauséiercher
Zelleriszalot mat Mauséiercher
einfach
25 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- E Kapp Zelleri
- Mauséiercherszalot
- 1 Zitroun
- Salz & Peffer
- Rahm
- Esseg
Preparatioun:
- Den Zelleri schielen a mat der Rapp rappen.De gerappten Zelleri an eng Schossel ginn an Zitrounejus driwwer schëdden (da gëtt den Zelleri net brong).
- D’Mauséiercher ënnert dem Waasser wäschen.
- 2 Iessläffelen Esseg mat engem Schotz Rahm vermëschen. Salzen a pefferen. Zelleri mat der Zalotenzooss vermëschen.
- D’Mauséiercher op den Zelleri streeën.
