Schokla-Zooss
Schokla-Zooss
einfach
10 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 200 g schwaarze Schokla
- 250 g Ram
Variatioun mat Mandelen:
- 50 g gehaakte Mandelen
- 1 Iessläffel Pudderzocker
Preparatioun:
- De Schokla a kleng Stecker briechen a mat der Ram am Bain-Marie schmëlze loossen.
- Zooss mam Schnéibiesem kräfteg schloen, sou datt se schei glat gëtt.
- Variatioun mat Mandelen: Während de Schokla schmëlzt d'Mandelen an enger waarmer Pan réischteren a mat Pudderzocker bestreeën. Wann de Pudderzocker ufänkt ze karamelliséieren, d'Mandelen mat der Schokolaszooss vermëschen.
