Hamburger
Hamburger
mëttel
20 min.
2 Persounen
Wat brauch ech?
Waat brauch ech?
- 250 g gehackt Rëndfleesch
- Gerappte Kéis
- 1 kleng Ënn
- 2 Knuewelekszéiwen
- Salz & Peffer
- Zalot
- 1 kleng Tomat
- 1 Kornischong
- 2 lecker Bréidercher
Preparatioun:
- Fleesch virbereeden: Fleesch an enger Schossel salzen a pefferen, mat Knuewelek a gerapptem Kéis vermëschen. D'Fleeschmasse formen a mat e bësschen Ueleg an der Pan broden.
- Bäilagen: Tomaten, Kornischong an Zwiwwel a Scheiwe schneiden.
- Mayonnaise: Moschtert, Ueleg an Eegiel an enger Schossel matenee vermëschen, pefferen a salzen, ofschmaachen a fäerdeg.
- D'Bréidercher opschneiden, Mayonnaise op d'Brout schmieren, d'Fleesch dropleeën a mat de Bäilage garnéieren.
