Choco-Cornflakes
Choco-Cornflakes
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 100 g Mandelen
- 200 g Cornflakes
- 400 g Chocolat
- (gedrëchent) Uebst
Preparatioun:
- Mandele rösten.
- Chocolat schmëlzen.
- Mandele mat de Cornflakes an dem Chocolat vermëschen.
- Mat 2 Läffele kleng Kichelcher formen a se am Frigo kal gi loossen.
- Tipp: Mat frëschem oder gedréchentem Uebst schmaachen d'Kichelcher och ganz gutt. Hei ass et just wichteg d'Uebst kleng ze schneiden a manner Cornflakes ze benotzen.
