Kraider-Pesto
Kraider-Pesto
einfach
10 min.
3 Persounen
Wat brauch ech?
- Basilikum
- Péiterséilech
- 1 Knuewelekszéiw
- 1 El gemuelen Mandelen
- 1 El gemuelenen Parmesan
- Salz, Peffer
- Olivenueleg
Preparatioun:
- D’Kraider an de Knuewelek fir de Pesto ganz kleng hacken. An engem Mörser Parmesan a Mandelen zermuelen.
- Kraider, Parmesan a Mandelen vermëschen. Souvill Olivenueleg bäiginn, bis datt de Pesto schéi sämeg ass.
- Mat Peffer a Salz ofschmaachen.
