Paangech mat Ricotta-Fëllung
Paangech mat Ricotta-Fëllung
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Paangecher (pikant, fir 6 dënn Paangecher):
- 125g Vollkarmiel
- 50 g mëlle Botter
- 1 Prise Salz
- 2 Eeër
- 200 ml kaal Mëllech
- Frësch Kraider (z. Bsp: Péiterséileg oder Bratzel)
Ricotta-Fëllung:
- Ricotta
- Zwiwwelen
- Knuewelek
- Frësch Kraider
- Peffer/Salz
Preparatioun:
- Miel, Bakpolver a Salz en enger grousser Schossel vermëschen.
- D'Eeër opklappen a bei d'Miel ginn.
- Alles mat der Mëllech, déi lues a lues bäigeschott gëtt, vermëschen, bis datt e flëssegen Deeg entsteet a keng Klompe méi am Deeg sinn.
- D'Kraider, Zwiwwelen an de Knuewelek kleng schneiden. Alles mam Ricotta vermëschen a gutt mat Peffer a Salz wierzen.
- D'Paangecher an enger Pan, wei am Video gewisen, baken.
- D'Paangecher mam Ricotta fëllen a mat enger säfteger Zalot, wéi zum Beispill eng Tomatenzalot, servéieren.
