Äerdbiere mat Aceto Balsamico, gréngem Peffer & Aerdbiergranité
Äerdbiere mat Aceto Balsamico, gréngem Peffer & Aerdbiergranité
einfach
20 min.
2 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d‘Äerdbieren:
- 400 g Äerdbieren
- 1 El Aceto Balsamico
- 1 klenge Läffel ageluechten grénge Peffer
- 1 klenge Läffel Vanilleszocker
Fir den Äerdbiergranité:
- 400 g Äerdbieren
- 50 g Zocker
- Peffermënz
- Zitrounemelisse

Preparatioun:
- Fir d'Äerdbieren mat Aceto Balsamico a gréngem Peffer: Äerdbieren botzen an a kleng Stecker schneiden. Mat dem Zocker, dem Aceto Balsamico an dem grénge Peffer mëschen an zéie loossen.
- Fir den Äerdbiergranité: Äerdbieren botzen. Peffermënz a Blieder vun der Zitrounemelisse, Äerdbieren an Zocker mat dem Stabmixer püréieren. An eng Schuel ginn an mindestens 3 Stonnen an den Frigo stellen. An der Zäit ëmmer erëm dra réieren.