Äppel-Biire-Muffins
Äppel-Biire-Muffins
einfach
40 min.
12 Persounen
Wat brauch ech?
- 240 g Miel
- 75 g Huewerflacken
- 3 TI Bakpolver
- 85 g Zocker
- 1 Zoppeläffel Kanéil
- 1 TI Salz
- 150 ml Mëllech
- 110 ml Sonneblummenueleg
- 2 Eeër
- 2 gerappten Äppel
- 2 a Wierfel geschnidde Biren

Preparatioun:
- Miel, Huewerflacken, Bakpolver, Zocker, Kanéil a Salz matenee vermëschen.
- D’Uebst ënnert d’Mielmëschung ginn.
- D’Mëllech, den Ueleg an d’Eeër verréieren a bei d’Uebst-Miel-Mëschung ënnermëschen.
- Den Deeg op Muffinforme verdeelen.
- Am Schäffchen 20-25 Minutte bei 200C° baken.