Äppeldressing
Äppeldressing
einfach
10 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 2 Tl Äppelgebees
- 2 El Äppeljus
- 3 El Äppelesseg
- Salz
- Schwaarze Peffer
- 2 El Olivenueleg
- 2 El Rapsueleg
- 100 g Äppel
- 1 Fréijoersennen (nëmmen dat Gréngt)
- 1 Tl Hunneg

Preparatioun:
- D’Äppelgebees mat dem Äppeljus, Äppelesseg, Salz a schwaarzem Peffer verréieren. Mat dem Olivenueleg a Rapsueleg vermëschen.
- D’Äppel wäschen, d’Käre raushuelen, a ganz fäi Wierfele schneiden. Uschléissend d’Fréijoersenn wäschen, botzen a nëmmen dat Gréngt a kleng Renk schneiden. D’Äppelwierfelen an d’ Zwiwwelreefer ënnert d’ Zooss mëschen. No Bedarf nach mat Hunneg ofschmaachen.
- 'Den Dressing mindestens 1 Stonn oder am Beschten iwwer Nuecht am Frigo zéie loossen.
- Tipp: Den Dressing passt gutt zu kräftegen oder battere Blatzaloten wéi d’Mauséiercherszalot, Andéiv oder och Kabes. E schmaacht och lecker mat geraspeltem Geméis wéi Muerten, Péiterséilegwuerzel oder Zellerie. Als Ergänzung eegnen sech Nëss oder Sonneblummen- / Kürbiskäre ganz gutt.