Bandnuddelen mat Saumon
Bandnuddelen mat Saumon
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 500 g Bandnuddelen
- 400 g Filet vum Saumon
- 80 g gerappte Parmesan
- 1 Zitroun
- Péiterséileg
- 2 Ënnen
- ½ Glas Sauer Ram
- ½ Glaswäisse Wäin (optional)
- Kackuette Ueleg
- Salz
- Peffer

Preparatioun:
- Schiel a Schneid d’Ënnen.
- Schneid de Saumon a Wierfelen.
- Wierm den Ueleg an enger Pan.
- Gëff d’Ënnen dobäi.
- Gëff no enger Minutt de Saumon dobäi.
- Salzen a pefferen, gëff Knuewelek a Péiterséileg dobäi.
- Während 3 min schaarf ubroden.
- Gëff de wäisse Wäin an den Zitroune Jus dobäi.
- Panéier et mat Parmesan a looss et während 20 Minutte kachelen.
- Gëff Sauer Ram dobäi.
- Kach liicht gesalzte Waasser.
- Gëff d’Band Nuddelen an e bëssen Olivenueleg dobäi.
- Wann d’Nuddele gekacht si looss se ofdrëpsen a lee se op eng Zerwéit.
- Lee de Saumon mat der Zooss op d’Band Nuddelen.