Schnellt Brout
Schnellt Brout
mëttel
80 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 2 TL Hunneg
- 4 TL „Trockenhefe“ oder ½ Cube frësch Hief
- 410 g Vollkaarmiel
- 1,5 TL Salz
- 125 g Sonneblummekären
- 4 El Kürbiskären
- 250 ml kachend waarmt Waasser
- 250 ml kaalt Waasser
Bakform: 25 x 10 cm
De Bakuewen op 80 °C firhetzen.

Preparatioun:
- An enger Schossel den Hunneg an 250 ml kachend waarmen Waasser opléisen, 250ml kaalt Waasser dobäischëdden, d’Hief estreeën an ongeféier 10 Minutten op eng waarm Plaz op d’Säit stellen.
- Hief-Mëschung mat dem Schnéibiesem opschloen, Miel, Salz a Sonneblummekäre bäifügen an alles zu engem lockeren Deeg vermëschen.
- Den Deeg an d’Bakform fëllen, Kürbiskären driwwer streeën. Den Deeg mat engem schaarfen Messer 3-4 mol aschneiden, sou datt en regelméisseg opgoen kann.
- D’Brout bei 80 °C ongeféier 20 Minutte baken, dann d’Uewentemperatur op 210 °C erhéijen an 30-40 Minutte weider baken. D’Brout ass fäerdeg, wa beim Klappen op d’Ënnersäit et huel klengt.