Bouletten
Bouletten
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 300 g Filet Americain (net preparéiert)
- 200 g Gehacktes (vum Schwäin)
- Péiterséileg
- 1 Ee
- Salz & Peffer
- 3 Schallotten
- Miel
- Moschtert
- Ueleg

Preparatioun:
- Schallotte schielen a kleng schneiden. Péiterséileg wäschen a kleng schneiden.
- Fleesch, Schallotten, 1 Kaffisläffel Moschtert, Péiterséileg, Miel an 1 Ee zesummen an eng Schossel ginn a gutt mëschen.
- Flaach Kichelcher formen an op zwou Säiten duerch d’Miel zeien.
- Am Schäffchen: Bouletten op d’Bakblech leeën a bei 190 Grad baken.
- An der Pan: Ueleg an enger Pan erhëtzen an d’Bouletten op den zwou Säite broden.