Bouneschlupp
Bouneschlupp
mëttel
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 500 g frësch gréng Bounen
- 4 Ënnen
- 1 Porett
- 3-4 Gromperen
- Bounekraut
- Peffer
- Botter
- 2 Cube fir 1,5 l Geméisbritt
- Miel

Preparatioun:
- Boune wäschen an an 1-2 cm laang Stécker schneiden. Porett an Ënne kleng schneiden. All d’Geméis mat e bësse Botter am Dëppen dëmpen.
- Waasser mat de Cuben an dem Bounekraut an d’Dëppe schëdden a kache loossen, bis d’Boune mëll sinn.
- An enger Kasseroll e Schnatz Botter schmëlzen, en Iessläffel Miel dobäi ginn a réieren, Zoppewaasser dobäischëdden, bis eng wäiss Crème entsteet. D’Crème an d’Zopp ginn.
- Grompere schielen, a Wierfele vun engem cm schneiden an an d’Zopp ginn a nach 10 min kache loossen. Salzen a pefferen.