Choufleur mat Camembert
Choufleur mat Camembert
einfach
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 8 mëttelgrouss Gromperen
- 1 Choufleur (a mondgerecht Stécker geschnidden)
- Ongeféier 20 Champignon
- 8 Fréijoersënnen (an dënn Reng geschnidden)
- 1 Camembert
- Salz a Peffer
- Piment
- Botter
- Kraider

Preparatioun:
- Grompere wäschen, schielen an a Wierfele schneiden. Choufleur wäschen an a mondgerecht Stécker schneiden. Champignon ofreiwen a kleng scheniden, Fréijoersënnen wäschen a an dënn Réng schneiden.
- All Ingrédient‘en eenzel an der Muurikka broden. Dofir gëtt Botter erhëtzt (oppassen, datt en net verbrennt), d’Geméis kuerz am Botter schwenken an ubroden. Fir datt näischt verbrennt gëtt regelméisseg e bësse Waasser an d’Pan gemaach. Gewierzt gëtt mat Peffer, Salz a Piment.
- Daat fäerdegt Geméis gëtt an enger Schossel op d’Säit gestallt bis datt all d’Geméis fäerdeg gebroden ass.
- Just ier de Plat servéiert gëtt, gëtt all d’Geméis an der Paan mat de frësche Kraider vermëscht an de Camembert a Wierfelen driwwer verdeelt.
- Soubal de Kéis ufänkt ze schmëlzen gëtt d’Muurikka vum Feier geholl an de Plat an der Pan waarm servéiert.