Geméis Gratin
Geméis Gratin
einfach
90 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 rout Paprika
- 1 gréng Paprika
- 2 Ënnen
- 2 Courgetten
- 3 Tomaten
- Gerappten Kéis an/oder Mozzarella
- Provence Kraider
- Olivenueleg
- Panéiermiel

Preparatioun:
- Schneit d’Paprika an Sträifen an huel d’Kären eraus.
- Schiel an schneit d’Ënnen sou kleng wéi méiglech.
- Wierm 4 Zoppeläffel an enger grousser Pan.
- Looss d’Ënnen 4-5 Minutten laang bei klengem Feier “schweessen”.
- Gëff d’ Paprika dobäi.
- Verfolleg d’Kachen 10 Minutten laang bei klenger Hetzt.
- Salz an peffer dat Ganzt.
- Schëtt e wéineg Olivenueleg dobäi.
- Gëff d’Geméis dobäi.
- Bedeck et mat enger Schicht gerapptem Kéis.
- Schneit d‘Courgette an d’Geméis an Tranchen.
- Gëff d’Provence Kraider, 4 Zoppeläffel Panéiermiel an Kéis dobäi.
- Schëtt e wéineg Olivenueleg driwwer.
- Bak et bei 200°C am Uewen.