Kraiderbrout (mat Ennen)
Kraiderbrout (mat Ennen)
mëttel
90 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d'Brout:
- 600 g Miel
- 3 Tl Salz
- 1-2 Cube frësch Hief
- 300ml wootelecht Waasser
Fir d'Ennen:
- 2 Knuewelékszéiwen
- 3 El Herbes de Provence
- 6 El Olivenueleg

Preparatioun:
- Miel an enger grousser Schossel mat 3 Tl Salz vermëschen. An d'Mëtt vum Miel eng Kaul drécken. Wootlecht Waasser an d’Kaul schëdden a 1 Cube Hief am Waasser opléisen. Dëst mat Hëllef vun enger Forschette. Lues a lues mat ëmmer méi Miel vermëschen bis datt en zeien Deeg entsteet. Den Deeg mat den Hänn gutt 10 Minutte laang knieden. Dann ½ Stonn op eng wwarm Plaz stellen fir datt en opgeet.
- No der ½ Stonn den Deeg nach eng Kéier duerchknieden a mat dem Kraiderueleg vermëschen. Dann eng wieder Kéier ¼ Stonn opgoe loossen.
- Den Deeg an eng gebottert rechteckeg Bakform ginn, 2-3mol uewen mat engem Messer aschneiden an am Schäffche baken. D’Brout ass färdeg, wann et huel klengt wann een drop klappt.