Lënsenzopp
Lënsenzopp
einfach
50 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 250 g Lënsen
- 2 Muerten
- 1 Gromper
- 1 Enn
- Thymian
- Lorberblat
- Salz
- Peffer
- Botter
- Miel

Preparatioun:
- Lënsen (je no Zort a Beschreiwung um Päckelchen a Waasser aweechen), dono ofschëdden. Lënse mat 2 L Waasser opstellen. Thymian a Lorberblat an d’Dëppe ginn. Muerten a Grompere schielen, alles kleng schneiden an an d’Dëppe maachen.
- E Schnatz Botter an enger Kasseroll schmëlzen an die kleng geschnidden Enn dran dëmpen.
- E Läffel Miel an d’Kasseroll ginn a mat Zoppewaasser opschëdden a réieren. D’Enn mam Miel a mam Zoppewaasser an d’Zopp schëdden. Eng Kéier opkache loossen.