Limonana
Limonana
einfach
15 min.
2 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 Hand voll Mënzblieder
- 2 Zitrounen
- 1 Limette
- 6 EI wäissen/brongen Zocker
- ¾ L Waasser
- 6 Äiswierfel

Preparatioun:
- D’Waasser an en Dëppe man an den Zocker do dran opléisen. Zitrounen an d’Limette auspressen an de Jus an de Mixer maachen.
- Mënzblider (ouni Strang) an 2 Äiswierfel dobäi ginn a kuerz op héchster Stuff mixen.
- Zockerwaasser dobäi ginn an d’Flëssegkeet ongeféier 1 Minutt op héchster Stuff mixen, bis dass d’Mënzblieder a kleng Partikelen zerspläitert sinn.
- Mat Äiswierfel, Mënzstrang an engem Stréihallem zerwéieren.
- Et gett och die Variant wou een d’Liewensmëttel net mixt, mee dobäi entsteet keen sou en intensiivt Aroma.