Mëllechräis mat wäissem Schokla
Mëllechräis mat wäissem Schokla
einfach
40 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 300 g Räis
- 1 L Vollmëllech
- 100 g wäisse Schockela
- Botter
- Zocker
- Kanéil-Polver

Preparatioun:
- 50 g Botter an engem Dëppe schmëlzen.
- Räis an d’Dëppe ginn.
- Ongeféier 2 Iessläffelen Zocker dobäi schëdden.
- No an no d’Mëllech ënner réieren, bis dass de Räis dat Ganzt gesaugt huet.
- Erëm Mëllech dobäi schëdden, bis dass de Räis d’ Mëllech gesaugt huet.
- No ongeféier 20 Minutten ass de Räiss mëll.
- Mat Kanéil- Polver bestreeën.
- Vum Feier huelen, e wéineg Botter an d’ gebrachen Stecker wäisse Schockela dobäi ginn.
- 5 Minutte mat zouenem Deckel roueg stoe loossen.