Mayonnaise
Mayonnaise
einfach
10 min.
6 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 Eegiel
- 1 Tl Zitrounejus oder Esseg
- 2 Tl Moschtert
- 200 ml Sonneblummenueleg
- Salz & Peffer

Preparatioun:
- D’Liewensmëttel mussen alleguer Zëmmertemperatur hunn.
- D’Eegiel mam Peffer, Salz, Zitrounejus an dem Moschtert mam Schnéibiesem vermëschen.
- No an no den Ueleg dobäi gi währenddeems permanent réieren.
- Oppassen: Des Mayonnaise muss am Frigo gehale ginn an hält sech wéinst dem Eegiel nëmmen e puer Deeg.