Mini Pizza Calzone
Mini Pizza Calzone
mëttel
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Fir den Deeg:
- 1 Cube frësch Hief
- 500 g Miel
- Salz
- 2 El Olivenueleg
- +/- 200 ml wootlecht Waasser
Fir de Belag:
- 1 grouss Boule Mozzarella
- fir de Kraider-Pesto kuck hei

Preparatioun:
- D’Miel an eng grouss Schossel ginn, eng Kaul an d’Mëtt vum Miel drécken an e bëssche Waasser an d’Kaul schëdden. D’Hief am Waasser opléisen a 10 Minutte mat engem Duch zougedeckt op d’Säit stellen.
- D’Miel mat der opgeléister Hief, dem Recht Waasser, dem Ueleg an dem Salz zu engem Deeg knieden. Dëse sollt 5-10 Minutte gutt duerchgekniet ier op eng waarm Plaatz ½ Stonn op d’Säit gestallt gëtt fir datt e kann opgoen.
- De Pesto zoubereeden an de Mozzarella schneiden. Béides matenee vermëschen.
- Den Deeg an ongeféier 6 Portiounen deelen a kleng Flade formen.
- De Pesto mat dem Mozzarella op de Flade verdeelen an des zesummeklappen a festdrécken.
- D’Mini-Pizza am Schäffche baken an als „Fingerfood“ genéissen.