Moelleux au chocolat
Moelleux au chocolat
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 250 g schwaarz Couverture
- 175 g Botter
- 125 g Pudderzocker
- 5 Eeër
- 75 g Miel

Preparatioun:
- Schmelz d’Couverture an den Botter zesummen an engem Waasserbued (eng Kasserolle mat waarme Waasser- eng zweet Kasserolle schwëmmt um Waasser).
- Gëff d’Miel an den Zocker dobäi.
- Gëff een nom aneren d’Eeër dobäi.
- Botter d’Formen an fëll se zu ¾ op.
- Setz se fir 10 bis 12 Minutten (ofhängeg dovu wéi grouss d’ Form ass) bei 180°C an den Uewen.
- Stierz d’ Gebäck op eng Zerwéit, bestreeën et mat Pudderzocker.